Eis Servicer

D'Pose vu Plättercher a neie Bauprojete

Breetgefächert Betreiung vu Privatclienten, Architekten, Promoteuren an aner Fachleit: Auswiel vun de Materialien, fachgerecht Pose a Koordinatioun mat aner Betriber fir en nohaltegt Resultat op Mooss.

Schlësselfäerdeg Buedzëmmeren

Gestaltung vu komplette Buedzëmmeren, prett fir de Gebrauch. Getrei nom Motto „Happy to be different“ bidde mir Iech eng exklusiv Auswiel u Miwwel- a Sanitärmarken un. Mir koordinéieren all Etapp, vun de Plättercher bis zu de Miwwelen, vun der Beliichtung bis zur Ausstattung, fir en eenzegaartegen, funktionellen an elegante Raum ze schafen.

Renovatioun

Renovatiounen op Mooss fir bannen a baussen, Buedzëmmer abegraff matt der Pose vun de Plättercher. Mir këmmeren eis ëm all Schratt: Moderniséierung, Austausch vu Materialien a d’Koordinatioun vun den Aarbechten, fir e funktionellt an harmonescht Resultat.

Gestaltung vum Bausseberäich

D’Pose vu Plättercher fir Terrassen, Patios a Schwämmen. Wiederbeständeg Materialien, Berodung zum Design a Stil fir funktionell a harmonesch Bausseberäicher.

Reparatur

Reparatur oder Austausch vun beschiedegte Plättercher, deelweis oder komplett Aarbechten, fir d’Laangliewegkeet an d’Ästhetik vun Äre Raim bäizebehalen.